|CHARITY | RENEE | MENG BIEREN | EXTRAS | KNOW-HOW | AWARDS | FRĖNN | REPORTAGEN | KONTAKT | KRITZELBICHELCHEN

 
 

Iwert mech

 

 

Schon vun Kand aus un hun ech gär gebastelt an gebutt. Meing Mamm konnt ganz gutt bitzen an esou hun ech meng Kreativitéit ganz fréi konnten ėnner Beweis stellen.

Als Kand hat ech en ganz schéinen groussen Petz. Hien war ganz gegliddert an säin Pelz war goldgiel. Ech hun en iwwerall man hin geholl an hien war mein en an alles bis zu dem Dag, mein Cousin war bei eis an der Vakanz, hien de Blindarm entzünd hat an noutoperéiert huet missen gin. Leider huet mäin Petzi dės Operatioun nėt iwwerliewt. Ech war ganz trauereg me ech hun nie méi en neien Petz krut.

1987 hun ech ugefangen Porzelainspoppen ze machen. Als Dekoratioun gouf dann schon e ganz einfachen Teddybier gebutt, ouni Gelenker just fir der Popp an den Arem ze drecken. Meng Frėnn hun irgendwann gemengt ech misst dann emol esou e richtegen Bier bitzen an 1997 huet meng Frėndin mir eng Bastelpackung fir en Teddybier geschenkt. Ech wosst nėt esou richteg eppes dermat unzefänken me meng Kanner hun esou lang gesouert bis ech mech endlech getraut hun. An esou huet mäin eischten Teddybier d’Liicht vun der Welt erbléckt. Hien war guer nėt schéin, seng Nues war schief, säin Bauch vill ze deck an ze kuerz, genau esou wéi seng Ärem an seng Been. Ech wollt en eigentlech schon ewech geheien, dunn huet mäin Jong en adoptéiert an nach haut sėtzt en bei him um Schreifdėsch.

Vun do un hat den Bierenvirus mech gepackt. Ech hun mir Bicher kaft an hun ugefang en eegenen Schnėtt ze entwekelen. Mein eischten eegenen Bier huet Leonie geheescht an hien huet schon vill besser ausgesin. Awer ėt huet nach eng Zäit gedauert bis dass ech wierklech zefridden war.

Emmer erėm gin ech gefrot: wou kommt der nėmmen op all déi Ideen? an ėmmer äntwerten ech dat Selwecht. Ech hun immens vill Ideen mir feelt just nėmmen Zäit fir se all ze verwierklechen. Ech schaffen nach bei engem Dokter, hun en Haus mat Gaard, en Mann an 3 Kanner, der mettlerweil zwar erwuesen sin awer trotzdem nach heiandsdo meng Hėllef brauchen. Wann ech dann eng Ausstellung plangen dann muss eben Verschiddenes an Nuetschichten erleedegt gin. An dann muss mäin Mann mat hėllefen. Keen kann esou perfekt stoppen wéi hien.

Ech machen nie zweemol genau de selwechten Bier dofir as och all Bier eenzegarteg. Ech gin ganz gär op Floumärkt an ėt gėt naischt méi Schéines fir mech wéi wann ech op enger grousser Teddybourse ganz kann ėnnerdauchen.

Ganz gäeren huelen ech och nach un Couren vun renomeierten Kėnschtler deel fir mech iwwer nei Materialien an Techniken ze informeieren.
 

 

Et war ėmmer mein Dram eng Keier un engem groussen Coucours deelzehuelen me esou richteg hun ech mech awer nėt getraut bis ech dunn den 7. Oktober 2007 zu Essen op der Euroteddy  den 1. Preis an der Kategorie“ Teddybier Urform, unbekleidet bis 70 cm“ krut.
Duerno hun ech, an doriwwer sin ech extra stolz den 1. Preis beim TED World Wide Award an der Kategorie „mixed Materials undressed“ krut. ( Detailer kėnnt Dir ėnner Awards noliesen)